Domat reagéiert de Veräin op déi enttäuschend Resultater aus de leschte Wochen.

De Club aus der däitscher Haaptstad steet no 18 Spilldeeg nëmmen op der 14. Plaz mat 17 Punkten.

Beim nächste Match soll de Jugendtrainer a fréieren Haaptcoach vun der Hertha, Pal Dardai, un der Säitelinn stoen. De Veräin huet dat Ganzt bis elo nach net kommentéiert. D'Decisioun soll awer nach e Sonndeg am Laf vum Dag matgedeelt ginn.