Den Dominik Paris huet e Freideg am Schi-Alpin-Weltcup d'Descente op der Kandahar zu Garmisch-Partenkirchen gewonnen.

Hannert dem Dominik Paris aus Italien hu sech de Schwäizer Beat Feuz an den Éisträicher Matthias Mayer op de Plazen zwee an dräi placéiert. Si haten e Retard vun 0,37 Sekonnen respektiv 0,40 Sekonnen.