
De Pol Kamil Stoch / © AFP (ARCHIV)
Den Norweger ka sech och zu Klingenthal als Gewënner feiere loossen. Op déi 2. Plaz spréngt de Kamil Stoch mat iwwer 12 Punkte Réckstand.
Beim Eenzel-Sprangen zu Klingenthal louch nom 1. Duerchgang den Halvor Egner Granerud a Féierung. Den Norweger war alt erëm dee stäerkste Sprénger an huet iwwert déi 2 Duerchgäng der Konkurrenz keng Chance gelooss. Den 2. aus dem 1. Duerchgang Kamil Stoch konnt seng Placéierung verdeedegen a gëtt um Enn den Zweeten. De Pol hat e Réckstand vun 12.6 Punkten. 0.8 Punkten hannert dem Véierschanzentournée-Gewënner ass de Bor Pavlovcic op déi 3. Plaz gesprongen.
De Markus Eisenbichler, aktuell 2. am Weltcup, ass net iwwer déi 9. Plaz erauskomm.