Am Alter vu 67 Joer ass de Weltmeeschter vun 1978 an der Nuecht op e Sonndeg gestuerwen.

De fréiere Weltmeeschter am Schwéiergewiicht hat 1978 iwwerraschend géint den deemolege Champion Muhammad Ali gewonnen. Dat Joer drop hat de Spinks säin Titel nees un den Ali verluer. Den US-Amerikaner hat 1995 e Schlussstréch ënnert seng Boxkarriär gezunn.

An de leschte Joren hat hie géint verschidde Kriibserkrankunge gekämpft.