Nieft dem u Nummer 1 gesaten Novak Djokovic stinn ënnert anerem och nach de Rafael Nadal, den Daniil Medvedev an den Dominic Thiem ënnert den Top 16.
Bei engem vun de renomméiertsten Tournoie an dem éischte Grand Slam vun der neier Saison ginn d'1/8-Finallen um Sonndeg an um Méindeg gespillt. Nach ass allerdéngs onkloer, op den Djokovic d'1/8-Finall bei den Australian Open spille kann, dëst well hie sech bei senger Victoire géint den Taylor Fritz blesséiert hat.
D'Partien am Iwwerbléck:
Novak Djokovic - Milos Raonic
Dusan Lajovic - Alexander Zverev
Dominic Thiem - Grigor Dimitrov
Félix Auger-Aliassime - Aslan Karatsev
Andrey Rublev - Casper Ruud
Mackenzie McDonald - Daniil Medvedev
Stefanos Tsitsipas - Matteo Berrettini
Fabio Fognini - Rafael Nadal
Bei den Damme stinn iwwerdeems och d'1/8-Finalle fest. Weider hi mat dobäi ass ënnert anerem d'Nummer 1 op der Welt, Ashleigh Barty. Eliminéiert ass dogéint d'Titelverdeedegerin Sofia Kenin. Si hat am zweeten Tour scho verluer.
Su-Wei Hsieh - Marketa Vondrousova
Garbine Muguruza - Naomi Osaka
Aryna Sabalenka - Serena Williams
Iga Świątek - Simona Halep
Jessica Pegula - Elina Svitolina
Donna Vekić - Jennifer Brady
Elise Mertens - Karolina Muchova
Ashleigh Barty - Shelby Rogers