
© AFP
D'Plazen 2 an 3 ware fir Norwegen a Schweden.
Op der Weltmeeschterschaft am Biathlon zu Pokljuka a Slowenien gouf et en Donneschdeg Gold fir Frankräich an der Single-Mixed-Staffel.
Den Duo Julia Simon an Antonin Guigonnat huet sech mat engem Virsprong vun nëmmen 2,8 Sekonne virum norwegeschen Duo Tiril Eckhoff a Johannes Thingnes Bö duerchgesat. Déi drëtte Plaz war fir d'Hanna Öberg an de Sebastian Samuelsson aus Schweden. Si haten e Retard vun 22,6 Sekonnen.
Am meeschte gelies