Lëtzebuerg géint Portugal gëtt nach am Stade Josy Barthel gespillt. Déi Stater Gréng sinn alles anescht wéi zefridde mat der Kommunikatioun.

Lëtzebuerg géint Portugal gëtt nach am Stade Josy Barthel gespillt, dat hunn déi Responsabel vun der Stater Märei e Méindeg confirméiert. Den neie nationale Futtball- a Rugbystadion op der Cloche d'Or gëtt op jiddwerfalls nach net fäerdeg, fir deen éischten Heemmatch vun der Lëtzebuerger Futtballnationalekipp an der Weltmeeschterschaftsqualifikatioun den 30. Mäerz.

Lëtzebuerg-Portugal net am neie Stadion / Reportage Franky Hippert

Lo kuerzfristeg kann nach net an der neier Enceinte gespillt ginn, d'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer: Net den 30. Mäerz op alle Fall. Dir wësst den 11.- 12. Februar war d'technesch Divisioun vun der Uefa hei. Si hunn eis felicitéiert fir dee schéine Stadion.

Virun allem d'Informatik leeft am neie Futtball- a Rugbystadion nach net wei se soll: Et hänkt alles um Reseau informatique of, well dovun hänken eng ganz Rei aner Saachen of, wei d'Videosurveillance, d'Accèsen, de Wifi fir d'Press, der Police hir Kameraen, alles dat muss kontrolléiert ginn, wann de Resau informatique bis fäerdeg ass.

Bei der Lëtzebuerger Futtballfederatioun ass een net wierklech iwwerrascht, datt et elo nach net klappt, fir den éischten Heemmatch an der Weltmeeschterschaftsqualifikatioun op der Cloche d'Or ze spillen, den FLF-President Paul Philipp: Mir hunn dat déi lescht Méint a Wochen, wei déi lescht Joren, genee verfollegt, an et ass elo keng riseg Sensatioun, datt et elo net fäerdeg ass. Bei esou engem groussen Invest sinn d'Detailer heiansdo dat Schwieregst. Mir haten eis och preparéiert. Mir haten de Plang B virgesinn, mir haten eisen ale Josy Barthel bei der Uefa ugemellt, deen och en neie Wues huet.

Géint Ouschtere soll d'Situatioun dann nach emol evaluéiert ginn. Bei der FLF géif een et begréissen, am Juni schonn eventuell en éischte Match op der Cloche d'Or kënnen ze spillen. D'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer hofft am Hierscht mat vill Leit den neie Stadion da richteg kënnen anzeweien.

Reaktioun vun Déi Gréng aus der Stad

D’Stater Oppositioun schéint et net weider ze stéieren, dass de Match géint Portugal net am neie Stadion ka gespillt ginn, bis op déi Gréng, déi sech um Mikro vum Monique Kater iwwer d'Aussoe vun der Stater Buergermeeschtesch opreegen. Et wier ee schonn nees eng Kéier iwwert Näischt an d'Bild gesat ginn, iergert sech d'Claudie Reyland.

Mir sinn dat hei iwwer d’Press gewuer ginn a wieren immens frou gewiescht, wa mer am Virfeld vum Schäfferot iwwer déi Problemer informéiert gi wieren. Mee mir sinn et als Oppositioun gewinnt, well et ass jo net déi éischte Kéier.

D’Stater Conseillere géifen ëmmer nees virun e Fait accompli gestallt, an dat wier am allgemengen mee och grad an dësem Dossier, en "no go".

Also e Budget deen explodéiert, dee mer awer schwéieren Häerzens matgestëmmt hunn an dunn hu mer näischt méi héieren. Mä grad bei esou engem groussen, ambitiéisen an deiere Projet, dee wichteg fir de Sport hei am Land ass, kann et dach net sinn, dass elo esou kuerzfristeg zu nach enger Verzögerung kënnt an déi geplangten Aweiung an de wichtege Match Lëtzebuerg-Portugal Enn Mäerz elo net kënne sinn!

an dass weider vun Eventualitéite geschwat géif. E laisser-faire vum Schäfferot wier fir si net acceptabel! Déi Gréng froen en uerdentlechen a kontrolléierte Plang an en detailléierte Suivi vun den Aarbechten um Stadion... deem neien! Wéi den Zoustand vun der Alternativ ass, dem Stadion op der Areler Strooss, géing si dann awer och intresséieren.

Neie Stadion - Reaktioun / Reportage vum Monique Kater

Schreiwes Stad Lëtzebuerg

COMMUNIQUE DE PRESSE

 

Luxembourg, le 22 février 2021

 

Stade de Luxembourg

Le premier match officiel ne pourra pas avoir lieu le 30 mars 2021

 

A l’issue d’une visite des représentants de l’UEFA dans l’enceinte du Stade de Luxembourg, les 11 et 12 février 2021, à l’occasion de laquelle ces derniers n’ont pas manqué de féliciter la Ville de Luxembourg pour cette nouvelle infrastructure sportive extraordinaire, il s’est avéré que l’état d’avancement des travaux ne permet pas de réaliser un match test obligatoire dans des conditions « réelles ». Par conséquent, la tenue d’un premier match officiel dans le Stade de Luxembourg ne pourra avoir lieu le 30 mars 2021.

Le principal manquement auquel il s’agit de remédier repose sur le réseau informatique qui est indispensable au bon fonctionnement de l’infrastructure et dont dépendent :

-          le système de vidéosurveillance

-          le contrôle d’accès informatisé

-          le réseau d’internet Wireless de la presse (commentateurs TV et radio, presse écrite, photographes)

-          la transmission TV

-          la détection incendie

Alors que les premiers tests du réseau informatique n’ont pas apporté satisfaction à tous les acteurs impliqués, de nouveaux tests s’imposent avant de pouvoir procéder à la mise en place finale de l’appareillage et à l’écolage de l’exploitant afin de pouvoir garantir la sécurité des visiteurs.

Malgré les efforts infatigables de toutes les équipes impliquées, bon nombre d’interventions ont dû être reportées depuis le début de la crise sanitaire, ce qui a retardé l’avancement des travaux.

Une nouvelle évaluation de la situation se fera autour de Pâques 2021.