D'Ethikkommissioun huet decidéiert, dass et keng Sanktiounen a keng Strofe géint de Franz Beckenbauer, den Theo Zwanziger an den Horst Schmidt ginn.

D'Affär wier elo verjäert. Deenen dräi goufe Korruptioun a Bestiechung am Kader vun der Weltmeeschterschaft 2006 an Däitschland virgeworf.

Ënnert anerem hätte si de fréiere Fifa-Fonktionär Bin Hammam mat 6,7 Milliounen bestach, fir d'Weltmeeschterschaft an Däitschland ze kréien.