
© AFP (Archiv)
E Freideg de Mëtteg war zu Nyon den Tirage vun den Aachtelsfinalle vun den Europa League.
D'Finall vun der Europa League ass fir de 26. Mee programméiert, ma bis dohinner ass et nach e wäite Wee. Fir d'éischt ginn elo emol d'Aachtelsfinalle gespillt. Fir de Lëtzebuerger Gerson Rodrigues an Dinamo Kiew geet et géint Villareal a fir de Christopher Martins a Bern geet et géint Ajax Amsterdam.
D'Matcher am Iwwerbléck
Ajax Amsterdam - Young Boys Bern
Dinamo Kiew - FC Villareal
AS Roum - Schachktar Donezk
Olympiakos Piräus - FC Arsenal
Dinamo Zagreb - Tottenham Hotspur
Manchester United - AC Mailand
Slavia Prag - Glasgow Rangers
FC Granada - Molde FK
D'Aachtelsfinalle ginn den 11. an den 18. Mäerz gespillt.