Bei den Häre gewënnt de Mathieu Faivre de Riseslalom zu Bansko a Bulgarien.

Am Schi Alpin stoung e Sonndeg am Weltcup bei den Hären e Riseslalom um Programm. Um Enn konnt sech de Weltmeeschter Mathieu Faivre d'Victoire sécheren. De Fransous gewënnt no 2. Duerchgäng mat 0,75 Sekonne virum Schwäizer Marco Odermatt. Knapp dohannert klasséiert sech zu Bansko mam Alexis Pinturault e weidere Fransous.

Beim Super-G bei den Damme gouf et um Sonndeg de Mëtteg eng kleng Iwwerraschung. D'Italienerin Federica Brignone konnt sech mat enger Zäit vun 1 Minutt, 14 Sekonnen an 61 Honnertstel 0,59 Sekonne virun der Schwäizerin an Duebel-Weltmeeschterin Lara Gut-Behrami duerchsetzen. véier vu fënnef Super-G-Courssen huet d'Lara Gut-Behrami bis ewell gewonnen, dozou déi zwee WM-Titelen. A mat der zweeter Plaz zu Val di Fassa ka si sech och fréizäiteg de Weltcup am Super-G sécheren. Op déi 3. Plaz fiert an Italien mam Corinne Suter eng weider Schwäizerin.

Bei der Damme-Course gouf et e Sonndeg och eng Partie net esou schéi Momenter. Et gouf nämlech direkt e puer schwéier Chutten an d'Course huet dowéinst och e puer Mol missen ënnerbrach ginn. D'Norwegerin Kajsa Vickoff Lie ass esou schwéier gefall, datt si sech d'Been gebrach huet. D'Norwegerin hat mat héijer Vitess d'Kontroll verluer a war an d'Netzer laanscht d'Streck geflunn, woubäi d'Bindung vun hire Schi net opgaangen war. Si gouf mam Helikopter an d'Spidol geflunn. Méi spéit gouf et eng weider schwéier Chute duerch d'Rosina Schneeberger. Och si huet sech d'Been gebrach.