E Freideg de Moie war bei der Liichtathletik-Indoor-EM zu Torun d'Qualifikatioun am Bommstoussen.

Mat dobäi och de Lëtzebuerger Bob Bertemes, dee mat sengem éischte Versuch just op 19, 70 Meter koum. Säin zweete Versuch war dann och dee beschten, hei koum de Lëtzebuerger op 20, 16 Meter.

Liichtathletik Europameeschterschaft - Rep. Franky Hippert

Dëst sollt awer net duergoen, fir sech fir d'Finall ze qualifizéieren. Um Enn kënnt de Bob Bertemes op déi 9. Plaz.

D'Vera Hoffmann ass e Freideg de Mëtteg dann och bei den 1.500 Meter un den Depart gaangen. An hirer Serie koum si um Enn op déi leschte Plaz a ka sech esou net qualifizéieren. D'Vera Hoffmann ass a 4 Minutten, 20 Sekonnen a 50 Honnertstel iwwer d'Arrivée gelaf a war domadder gutt 5 Sekonne méi lues wéi bei hirem Lëtzebuerger Rekord viru gutt 2 Woche beim Meeting an der Coque.