E Freideg hunn d'Biathlon-Hären aus Däitschland iwwerraschend d'Staffel zu Nove Mesto gewonnen.

Den Erik Lesser, Benedikt Doll, den Arnd Peiffer an de Philipp Nawrath waren e Freideg net ze schloen a gewannen d'Staffel-Course souverän viru Russland an Norwegen.

Fir d'DSV-Staffel ass et déi éischt Victoire zanter dem 21. Januar 2017.