Bei den Damme konnt d'Tiril Eckhof trotz engem Feeler am Schéissen eng Victoire am Sprint iwwer 7,5 Kilometer feieren.

Um Samschdeg haten d'Hären ee Sprint iwwer 10 Kilometer zu Nove Mesto an der tschechescher Republik virun der Broscht. Hei gouf et eng Victoire vum Fransous Simon Desthieux, deen ouni Feeler beim Schéissen duerchkoum. Zweete gouf de Schwed Sebastian Samuelsson, dëst mat engem Retard vun 2 Sekonnen a 40 Honnertstel. Déi drëtte Plaz war fir den Arnd Peiffer aus Däitschland.

Zu Nove Mesto stounge fir d'Dammen ee Sprint iwwer 7,5 Kilometer um Programm. No enger excellenter Leeschtung op de Schi konnt sech d'Norwegerin Tiril Eckhoff eng iwwerzeegend Victoire sécheren. Trotz enger Strofronn konnt d'Leaderin am General d'Julia Dschima aus der Ukrain op déi zweete Plaz verdrängen. Drëtt gouf d'Lisa Vittozzi aus Italien. Am General konnt sech d'Tiril Eckhoff duerch hir 5. Victoire noeneen an engem Sprint weider ofsetzen an huet elo 68 Punkten Avance op d'Marte Olsbu.