Bei den Dammen a bei den Häre konnte sech e Samschdeg souwuel d'Marte Olsbu wéi och de Sturla Holm Laegreid aus Norwegen d'Victoire sécheren.

Zu Östersund waren als éischt d'Dammen op der Poursuite iwwer 10 Kilometer gefuerdert. Trotz 4 Feeler konnt sech um Enn d'Norwegerin Marte Olsbu mat enger staarker Lafzäit duerchsetzen. D'Landsfra aus Norwegen Tiril Eckhoff an d'Hanna Sola aus Wäissrussland hunn de Podium hannendru komplettéiert.

Spéider sinn d'Hären op enger Distanz vun 12,5 Kilometer un den Depart gaangen. D'Victoire ass do un de Sturla Holm Laegreid aus Norwegen gaangen, deen d'Poursuite viru sengem Landsmann Johannes Thingnes Bö an dem Italiener Lukas Hofer fir sech entscheede konnt.