An der klenger Finall ëm déi drëtte Plaz huet sech de Lëtzebuerger Compound-Spezialist mat 140:143 géint en Tireur aus der Tierkei misse geschloe ginn.

Beim Grand Prix am Bouschéissen a Kroatien kënnt de Gilles Seywert um Enn op déi 4. Plaz.

Bei den Dammen huet d‘Mariya Shkolna d‘Goldmedail verpasst. D‘Tireuse aus Lëtzebuerg verléiert an der Finall 136:143 géint eng Sportlerin aus Kroatien.