Op déi 2. Plaz fiert d'Mikaela Schiffrin virum Meta Hrovat. Bei den Häre kann de Manuel Feller de leschte Slalom vun der Saison fir sech entscheeden.

Beim leschten Alpine-Weltcup fir d'Saison 2020/21 huet bei den Dammen d'Alice Robinson de Riseslalom zu Lenzerheide gewonnen. D'Neuseeländerin ass no engem fulminanten zweeten Duerchgang vun der 4. Plaz nach ganz no vir gefuer. Op déi 2. Plaz fiert d'Amerikanerin Mikaela Schiffrin mat engem Réckstand vun 28 Honnertstel. Als drëtt klasséiert sech d'Slowakin Meta Hrovat.

D'Weltcup-Gewënnerin Petra Vlhová hat mam Ausgang näischt ze dinn a kënnt an der leschter Course vum Joer op eng enttäuschend 10. Plaz.

Bei den Hären huet iwwerdeems den Éisträicher Manuel Feller mat knappen 0.08 Sekonne virum Fransous Clément Noel de Slalom gewonnen. Mam Alexis Pinturault fiert mat engem Réckstand vun 0.11 Sekonnen e weidere Fransous ob de Podium.

D'Schi-Alpin-Saison 2020/21 ass deemno fäerdeg. Bei den Damme ka sech d'Petra Vlova d'Victoire am Weltcup sécheren. Bei den Hären ass de Gewënner den Alexis Pinturault.