Eng offiziell Ofso gëtt bis elo zwar nach net, mä d'Viraussetzunge sinn net déi Allerbescht.

Den Organisateur vum Marathon Erich Francois huet eis op Nofro hin confirméiert, datt een zwar den Ament mat enger reduzéierter Ekipp géif weider plangen, mä d'FLA huet dem Organisatiounsveräin CSL een negativen Avis ginn, nodeems de Club eng Demande eraginn hat.

D'Federatioun ass awer just Regulateur a kann de Marathon net selwer ofsoen.