Déi Lëtzebuerger Futtballnationalekipp spillt de 6. Juni e Frëndschaftslännermatch hei am Land géint Schottland.

Ob déi Partie nach am Stade Josy Barthel op der Arelerstrooss ass oder awer scho vläicht am neien nationale Futtball- a Rugbystadion op der Cloche d'Or gespillt gëtt, steet nach net fest.

D'Ekipp vun der brittescher Insel ass jo och bei der Europameeschterschaft dobäi, déi den 11. Juni ufänkt. Am Juni spillen d’Rout Léiwe jo och nach en zweete Frëndschaftslännermatch. Géint wie steet awer nach net fest.