De Christian Lutz ass aktuell Trainer bei der US Rëmeleng, déi jo an der Éierepromotioun spillen.

De 45 Joer alen däitschen Trainer ënnerschreift zu Stroossen e Kontrakt iwwer 2 Joer mat der Optioun op een drëtt. Hie gëtt domat Successeur vum Manuel Correia, dee jo decidéiert huet, säin Trainerposten néierzeleeën no der Saison. Hie wäert awer am Veräin bleiwen.

Offiziellt Schreiwes

Bonjour, veuillez noter que Christian Lutz, actuellement entraîneur à Rumelange, sera notre nouveau entraîneur pour la saison prochaine.

Il sera accompagné par son adjoint actuel en l'occurrence François Papier. Le contrat court sur une durée de 2 ans avec une option pour une 3e année.

Comme mentionné la semaine passée, Manuel Correia aura une autre fonction au sein du club.

Meilleures salutations sportives.

Luc Hilger
Président