Dat huet déi franséisch Noriichtenagence AFP e Mëttwoch den Owend gemellt a sech op Sourcen aus der Organisatioun vum Tournoi beruff.

D'French Open si wéinst dem landeswäite Lockdown a Frankräich ëm eng Woch verréckelt ginn. De Grand Slam zu Paräis hätt solle vum 23. Mee bis de 6. Juni organiséiert ginn a soll elo vum 30. Mee bis den 13. Juni gespillt ginn. Dat huet d'Noriichtenagence AFP a Mëttwoch den Owend gemellt a sech op Quelle vun der Turnéier-Organisatioun beruff. En Donneschdeg de Moien hunn d'Organisateuren dann och offiziell matgedeelt, datt et effektiv zu enger Verrécklung ëm eng Woch kënnt.

Mat der Verleeung ëm eng Woch soll erreecht ginn, datt méi Spectateure mat dobäi kënne sinn.

D'Decisioun, fir d'French Open no hannen ze verréckelen, koum net iwwerraschend. Déi franséisch Regierung hat scho mat den Organisateuren iwwer eng "Verzögerung vun e puer Deeg" diskutéiert. De Lockdown vu véier Woche soll wéi geplangt Ufank Mee op en Enn goen.

Dat lescht Joer waren d'French Open ëm véier Méint op September verréckelt ginn. Deemools waren zu Paräis nëmmen 1.000 Spectateure pro Dag op der Anlag zougelooss.