Den Uefa-President Aleksander Ceferin hätt gären, datt d'Fan-Presenz garantéiert ass a wëll op kee Fall hannert zouenen Diere spillen.

Dei hollännesch Federatioun huet schonn e Plang fir d'Matcher, déi an der Johan Cruyff Arena zu Amsterdam solle gespillt ginn. E Minimum vun 12.000 Leit am Stadion, deen eng Kapazitéit vu ronn 55.000 Plazen huet, wieren denkbar.

Spuenien gesäit dat anescht an d'Federatioun ka keng Garantie ginn, datt zu Bilbao gespillt gëtt.

Änlech Wierder kommen och aus Dublin, wou een een en Donneschdeg der Uefa matgedeelt huet, datt een op kee Fall kann eng Presenz vu Leit am Stadion ka garantéieren. Wat d'Uefa dorops hin decidéiert, bleift ofzewaarden.