De Lëtzebuerger konnt sech an der Finall vun de Swim Open a Schweden mat enger Zäit vu 56 Sekonnen a 14 Honnertstel als 6. klasséieren.

Excellent Resultat aus dem Schwamme fir de Max Mannes. A Stockholm a Schweden konnt hie sech e Samschdeg iwwer 100 Meter Réck no enger gudder Zäit vu 56 Sekonnen a 47 Honnertstel fir d'Finall vun de Swim Open qualifizéieren. Hei konnt den 23 Joer jonke Schwëmmer nach een dropsetzen, dëst mat enger Zäit vu 56 Sekonnen a 14 Honnertstel. Domat war hien 19 Honnertstel méi séier wéi déi al Lëtzebuerger Beschtleeschtung vum Jean-Francois Schneiders aus dem Joer 2013.

Um Enn konnt sech de Max Mannes duerch dës Zäit eng 6. Plaz an der Finall sécheren.