Ronn 3 Méint virum geplangten Optakt vun den Olympesche Spiller zu Tokio ginn et aus den héchste japanesche Regierungskreesser op en Neits Zweiwel.

"Mir mussen d'Spiller ouni ze zécken ofsoen, wa se net méi méiglech sinn", sou den Toshihiro Nikai, de Generalsekretär vun der Liberaldemokratescher Regierungspartei LDP. "Wann d'Corona-Infektioune wéinst Olympia klammen, weess ech net, firwat déi Spiller gutt si sollen." Alternativ ginn d'Appeller no engem komplette Spectateursverbuet méi haart.

Den Ament klammen d'Coronafäll a Japan, den Impfprogramm geet nëmme lues virun, manner wéi ee Prozent vun de ronn 126 Millioune Japaner gouf bis ewell geimpft. Enger neier Ëmfro vun der Noriichtenagence Kyodo News no hu sech ronn 72 Prozent vun de befrote Japaner fir eng weider Verleeung oder eng Ofso vun de Spiller ausgeschwat.