Net dacks ass de Charel Weis zu Lëtzebuerg. Déi puer Kéieren, wou de jonke Sportler awer hei ass, verbréngt hie vill Zäit um Golfterrain zu Kanech.

Zanter dem leschten Hierscht lieft a studéiert de Charel zu Aix-en-Provence. Ekonomie steet um Menüplang. Hie wëll säi Bachelor maachen a sech duerno voll a ganz op de Sport konzentréieren. Golfprofi ze ginn, ass säin Dram.

Als Profi steet een 8 bis 10 Stonnen den Dag um Golfterrain, fir ze trainéieren. Ablécklech trainéiert de Charel Weis a Frankräich. An hei hätt hien iwwer de leschte Wanter scho grouss Fortschrëtter festgestallt.

20 Joer jonk ass de Charel Weis. Hien ass am Promotiounskader vum COSL.

Och wa vill Turnéier duerch d'Pandemie ausgefall sinn, konnt de Charel normal mat sengem Training weiderfueren. E Privilège als Member vum COSL-Kader.

Den Hobby zum Beruff maachen. Dat Zil wëll de Charel erreechen. Dobäi huet hie keen direkt Virbild.

Trainéiert gëtt souwuel op Gras ewéi Sand. Béides muss e gudde Golfer aus dem FF kënnen.