Den 41 Joer ale Golkipp steet zanter dëser Saison tëscht de Pottoe vum Swift.

Aus dem Futtball ass et d'Nouvelle, datt de Jonathan Joubert nach eng weider Saison beim Swift Hesper wäert spillen, dat huet de President Fernand Laroche RTL confirméiert.

Mat sengen 41 Joer huet de Jonathan Joubert scho munche Succès feiere kënnen. Gebierteg ass de Golkipp vu Metz. Zu Woippy, engem klengen Duerf nieft Metz, huet den Hesper Golkipp säin éischte Ball gestouss, dat war mat 5 Joer, deemools allerdéngs als Feldspiller.

Zanter 1999 gesäit een de Jonathan Joubert tëscht de Pottoen am Lëtzebuerger Championnat stoen. Ugefaangen huet et op der Musel, beim CS Gréiwemaacher. Vun 2004 bis leschte Summer huet den 1 Meter 88 grousse Golkipp d'Faarwe vum F91 gedroen.

Mëttlerweil ass den Hesper Holleschbierg dem Jonathan Joubert säin neit Doheem. An de fréiere Golkipp vun der Lëtzebuerger Nationalekipp fillt sech hei ganz wuel. Mat senger Erfarung huet hie sengem Veräin dës Saison schonn esou munche Punkt gerett. Wéi wichteg de Jonathan Joubert fir de Club ass, wësse souwuel seng Spillkomeroden ewéi och déi géigneresch Trainer.

De fréieren Diddelenger bleift dem Swift also nach eng weider Saison erhalen. Mam Geordan Dupire kënnt awer och e méi jonke Golkipp vun Hueschtert op Hesper.

RTL

© Didier Weber / RTL Télé Lëtzebuerg