Schlecht Nouvellë fir de Vincent Thill. De Lëtzebuerger Futtballnationalspiller huet eng Pubalgie.

Dat heescht eng Entzündung am Hëftberäich. Fir den 21 Joer ale Profi vun Nacional Madeira ass d'Saison domat fréizäiteg eriwwer. Bei enger sougenannter “Schambeinentzündung” kann et e puer Méint daueren, bis een nees kann ufänke mat trainéieren.