Spuenien muss virum EM-Start e Réckschlag verkraaften. E Corona-Test beim Kapitän Sergio Busquets war positiv, de Spiller gouf isoléiert.

Den dräifache Futtball-Europameeschter Spuenien muss bei der EM wuel gréisstendeels ouni säi Kapitän Sergio Busquets eens ginn. De Spuenier gouf nämlech bei engem PCR-Test positiv op de Coronavirus getest. Dat huet de Verband RFEF e Sonndeg den Owend bekannt ginn.
Alleguer déi aner Tester wären negativ ausgefall. De spuenesche Futtballverband léisst aus Präventiounsgrënn bei där fir en Dënschdeg geplangte Generalprouf géint Litauen d'U21-Nationalekipp untrieden.

De Busquets huet nom positiven Test d'Trainingslager zu Las Rozas verlooss. Seng enk Kontakter goufen isoléiert, ob dës Mesure och weider Spiller aus der Ekipp betrëfft, gouf net matgedeelt. Den Training sollen elo emol personaliséiert stattfannen.

Fir den Nationaltrainer Luis Enrique dierft den Ausfall vum Busquets e grousse Verloscht sinn. Den 32 Joer ale Futtballer ass net nëmmen de Kapitän vun der Nationalekipp, hie spillt och op der Sechserpositioun, déi am spuenesche Spill eng Schlësselroll huet. Ob den Enrique e Spiller nonominéiert ass bis ewell net gewosst. Spuenien huet als eenzege vun de 24 EM-Participanten nëmme 24 Spiller fir den Tournoi selektionéiert. Vun der Uefa aus si 26 Spiller erlaabt.

Spuenien spillt am Grupp E de 14. Juni géint Schweden. Den 19. Juni géint Polen an den 23. Juni géint d'Slowakei. Alleguer d'Matcher ginn zu Sevilla gespillt.