Mam Raphaël Duarte ass e jonke Lëtzebuerger elo Co-Trainer an der Ligue 2 am franséische Futtball ginn.

Lëtzebuerg kritt nees e Fussballtrainer am Ausland. De Raphaël Duarte gëtt Co-Trainer bei der AS Nanzeg an der Ligue 2. De 25 Joer jonke Lëtzebuerger war elo déi lescht zwou an eng hallef Saisone Cheftrainer zu Kanech, dem Veräin aus der Éierepromotioun.

Raphaël Duarte zu Nanzeg/Reportage Franky Hippert

Bei der Jeunesse vu Kanech hat ee beim Jugendtrainer Raphaël Duarte scho grousst Potenzial gesinn. Et war dann och couragéiert vum Veräin, fir dem deemools 22 Joer jonken Trainer, Mëtt Dezember 2018, d'Responsabilitéit vun der éischter Ekipp ze ginn. Kanech stoung nämlech ganz schlecht an der Tabell do an huet esouguer riskéiert erauszefalen. De Raphaël Duarte huet et awer fäerdegbruecht, déi kleng Jeunesse an der Éierepromotioun ze halen a méi wéi ze stabiliséieren. Et war am Fong just eng Fro vun der Zäit, bis och am Ausland e Club op de Lëtzebuerger mat portugiseschen Originnen opmierksam gëtt. Lo geet et also bei d'AS Nanzeg an d'Ligue 2.

"De Veräin huet en Trainer ausgewielt, deen an hir Spilliddi passt. An do goufe Profiller opgestallt, wéi de Staff soll ausgesinn an dunn hu si mech kontaktéiert. Dunn huet de Stendel gekuckt, ob dat passt an hien huet dunn decidéiert, mech a säi Staff matzehuelen."

An der leschter Saison stoung Nanzeg zum Schluss op der 8. Plaz an der Tabell. Et ass natierlech e Fulltime-Job, wann ee Co-Trainer an der zweethéchster Divisioun a Frankräich ass. De Raphaël Duarte weess dann och schonn, wat hien ënnert dem 47 Joer alen däitsche Cheftrainer Daniel Stendel, deen och schonn Trainer bei Hannover 96 war, ze di kritt.

"D'Aufgab ass, den Trainer esou gutt et geet ze ënnerstëtzen, fir eis Iddi un d'Ekipp ze bréngen, fir esou séier wéi méiglech Erfolleg ze hunn."

Fir dat 25 Joer jonkt Trainertalent ass de Schratt op Nanzeg awer eréischt den Ufank vun der Karriär. E Karriärplang gëtt et awer net.

"Et muss ee Schrëtt fir Schrëtt goen. Wéi ech lo bei Kanech war, hunn ech och net driwwer nogeduecht, wéi et wär, an d'Ausland ze goen. Ech hu mech einfach voll op meng Aarbecht konzentréiert." De Raphaël Duarte huet de B-Schäin als Trainer. Hien ass awer mam Uefa-A-Schäin am gaangen. Viru senger Traineraufgab zu Kanech huet den Duarte fir d'US Hueschtert d'Géigner analyséiert. D'nächst Saison heeschen d'Géigner, déi ze analyséiere sinn, dann net méi Miersch, Berbuerg oder Weiler, mee FC Paris, Sochaux oder Auxerre.