Déi Europäesch Futtball-Unioun huet op den Trikotsträit tëscht der Ukrain a Russland reagéiert an d'Ukrain opgefuerdert, hiren Trikot ze änneren.

No engem politesche Sträit ëm den Trikot vun der ukrainescher Futtballnationalekipp fir d'Europameeschterschaft fuerdert d'Uefa en Deel vum patriotesche Slogan, deen a Russland fir Roserei gesuergt hat, misst erofgeholl ginn.

Wéi et vum Europäesche Futtball-Verband heescht, hätt de Slogan "Prestige fir eis Helden", deen op antirussesch Demonstratiounen am Joer 2014 skandéiert gouf, "eng kloer politesch Ausriichtung".

Virdrun hat sech Russland offiziell bei der Uefa beschwéiert. Am Bréif vun der Federatioun huet et geheescht: "Mir maachen op d'Benotze vu politesche Motiver um Trikot vun der ukrainescher Nationalekipp opmierksam, wat géint d'Grondprinzippie vun der Uefa verstéisst."

Nieft dem Message "Prestige fir eis Helden" ass um Trikot och den Ëmrëss vum Land ze gesinn, mat där vu Russland annektéierter Krim an déi vu Separatiste kontrolléiert Regiounen Donezk a Lugansk.

Stëmmt mat of