D'Nummer 1 op der Welt huet sech a 4 ganz ëmkämpfte Sätz géint den 13-fache French-Open-Gewënner behaapt a spillt elo an der Finall géint den Tsitsipas.

Mam Stefanos Tsitsipas steet zu Roland Garros, dem zweete Grand-Slam-Tennistournoi vum Joer, deen éischte Finalist fest. De Griich huet e Freideg an enger extrem spannender Halleffinall a 5 Sätz mat 6:3, 6:3, 4:6, 4:6 a 6:3 géint den Däitschen Alexander Zverev gewonnen.

An der Finall kritt de Griich et elo mam Novak Djokovic ze dinn. De Serb huet den 13-fache French-Open-Gewënner Rafael Nadal an den Halleffinalle vu Roland Garros an d'Knéi gezwongen. D'Nummer 1 op der Welt huet sech an engem ganz ëmkämpfte Match 3:6, 6:3, 7:6 (7:4) a 6:2 duerchgesat. Den Djokovic huet no véier Stonnen an 11 Minutte säin zweete Matchball genotzt a kritt et elo e Sonndeg am Kampf ëm den Titel mam Stefanos Tsitsipas ze dinn.