D'Partie zu Kopenhagen gouf kuerz virun der Paus ënnerbrach, nodeems den Christian Eriksen um Terrain zesummegebrach war.

Wéi aus dem Näischt louch den däneschen Nationalspiller an der 39. Minutt ouni Reaktiounen um Terrain, Noutdokteren hunn doropshin direkt probéiert de Christian Eriksen ze reaniméieren.

Laang war net gewosst wéi et ëm säi Gesondheetszoustand steet, ma d'UEFA an den dänesche Futtballverband hu mëttlerweil op de soziale Medie bekannt ginn, dass den Dän am Spidol méi oder manner stabil a bei Bewosstsinn ass.

De Match gouf op Wonsch vun de Spiller vu béiden Ekippen nees um 20.30 Auer ugepaff. Um Enn konnt sech Finnland mat 1:0 géint Dänemark duerchsetzen, och wann dat Resultat op dësem Dag éischter eng Nieweroll gespillt huet.