Iwwer 7.200 Mol hunn eis User bei der RTL-Ëmfro "Wie gewënnt d'EM 2020 (2021)" ofgestëmmt.

Déi meescht User vum RTL.lu tippen, datt Frankräich sech nom Weltmeeschtertitel och den Europameeschtertitel wäert sécheren. 22 % vun de Stëmme sinn op de Kont vun de Fransouse gaangen. Net wäit hannendru allerdéngs läit eisen aneren Noper d'Belsch an dat mat 21 % vun de Stëmmen.

Italien kënnt an der Ëmfro op 17 %, Däitschland op 11 % an England a Portugal op 8 %.

Wie sech um Enn den Titel bei der paneuropäescher Futtball-EM ka sécheren, dat gi mir den 11. Juli an der Finall gewuer.

News, Statistiken, Radio-Reportagen, Pronostickespill, Quiz, ...