No sengem Jubel géint Nordmazedonien gouf den Stiermer vun Éisträich elo fir den nächste Match gespaart.

No senge verbalen Attacken, dorënner rassistesch Beleidegungen, géintiwwer dem nordmazdeonesche Spiller Ezgjan Alioski huet d'UEFA duerchgegraff an de Marko Arnautovic fir ee Match suspendéiert. Dat huet déi éisträichesch Federatioun matgedeelt.

Den Nationalspiller huet säi Feeler och agestanen a sech entschëllegt. Donieft wëll hie 25.000 Euro fir en Integratiounsprojet spenden. Dëse Projet soll ënner sengem Patronage stattfannen an hie wëll och selwer mat dobäi sinn, domat säi schlecht Verhalen eng gutt Konsequenz soll hunn. "Ich möchte vor allem Kindern und Jugendlichen ein gutes Vorbild sein" esou den Arnautovic.

D'Uefa huet sech bis ewell nach net zu der Strof geäussert.