Am Tennis Davis Cup huet d'Lëtzebuerger Ekipp am éischte Match, am Europa Grupp 3, mat 1:2 géint Irland verluer.

E Mëttwoch huet d'Lëtzebuerger Davis-Cup-Team ënnert der Leedung vum Gilles Muller hiren éischte Match gespillt. Um Enn gouf et eng 1:2-Néierlag géint Irland.

De Chris Rodesch huet an 3 Sätz mat 3:6, 6:0 a 6:2 géint den Osgar O'Hoisin gewonnen. Fir den Alex Knaff gouf et och eng Néierlag an 2 Sätz an dat mat 3:6 an 2:6 géint de Simon Carr. Am Dubbel huet de Lëtzebuerger Duo Raphael Calzi/Alex Knaff sech misse mat 3:6 a 4:6 géint d'Koppel Simon Carr an David O'Hare geschloe ginn.