Nodeems den 29 Joer alen Dän wärend dem Match géint Finnland kollabéiert ass, krut hien en Defibrillator agesat. Seng Karriär an Italien steet op der Kipp.

Vum dänesche Verband DBU koum e Freideg d'Nouvelle, dass d'Operatioun gutt verlaf wier an hien d'Spidol verloosse konnt.

De Futtballspiller hat sech och selwer zu Wuert gemellt a gesot, dass d'OP erfollegräich war. Donieft huet hien de Leit dobausse Merci gesot, hien hätt sech immens iwwert d'Gréiss gefreet.

Den Eriksen riskéiert awer elo Problemer bei sengem Veräin Inter Mailand, nodeems den däneschen Nationalspiller en Defibrillator agesat krut. An Italien ass et verbueden domadder am Spëtzesport aktiv ze sinn. Dat huet de Chef vun der italienescher Federatioun vun de Sportskardiologen confirméiert. D'Protokoller an Italien wiere ganz streng. Domadder wier et quasi onméiglech, datt den Eriksen nach am italienesche Championnat spille kann.

E Samschdeg hat de Christian Eriksen an der 43. Minutt am EM-Match géint Finnland eng Malaise gemaach. Hie gouf op der Plaz reaniméiert.

RTL