Am Futtball verléiert d'Fola e weidere wichtege Spiller. De beschte Buteur vun der leschter Saison verléisst Lëtzebuerg an Direktioun Schwäiz.

Den Zachary Hadji wiesselt vun der Fola Esch an déi zweet Schwäizer Divisioun bei Stade Lausanne.

De 24 Joer ale Fils vum Mustapha Hadji, fréiere Ballon d'Or an Afrika, hat d'lescht Saison 33 Goler an der BGL Ligue geschoss.