D'Nummer 1 an der Tennis-Weltranglëscht, Ashley Barty, huet sech als éischt Spillerin fir d'Final zu Wimbledon qualifizéiert.

D'Australierin setzt sech an der Halleffinall, mat 6:3 a 7:6 géint d'Angelique Kerber duerch.

An der zweeter Halleffinall hunn Tschechin Karolina Pliskova an d'Wäissrussin Aryna Sabalenka géintenee gespillt. Hei konnt sech d'Tschechin duerchsetzen, dat an 3 Sätz mat 5:7, 6:4 a 6:4.

Domadder sti béid Finalistinne fest.