Nom Matteo Berrettini huet et och den Novak Djokovic an d'Finall zu Wimbledon gepackt.

De Serb steet deemno elo a senger 30. Grand-Slam-Finall an dierf vu sengem 20. Titel dreemen. De Weltrangéischten huet sech e Freideg an 3 Sätz 7:6 (7:3), 7:5, 7:5 géint den Denis Shapovalov duerchgesat.

Sollt den Djokovic sech e Sonndeg nach an de Finall duerchsetzen, huet hien déi historesch Chance mam Roger Federer a Rafael Nadal gläichzezéien.

Virun him hat sech den Italiener Matteo Berrettini als Éischte fir d'Finall zu Wimbledon qualifizéiert. Hien huet sech a 4 Sätz (6:3, 6:0, 6:7 (3:7), 6:4) géint den Hubert Hurkacz aus Polen duerchgesat.

De Berrettini ass eréischt de véierten Italiener an enger Grand-Slam-Finall am Hären-Eenzel, zu Wimbledon esouguer eréischt deen éischten.

D'Finall gëtt e Sonndeg um 15 Auer zu London gespillt.