D'Australierin huet sech an der Finall an 3 Sätz mat 6:3, 6:7 a 6:3 géint d'Karolina Pliskova behaapt.

E Samschdeg gouf bei den All England Championships zu Wimbledon d'Finall vun den Dammen tëscht dem Ashleigh Barty aus Australien an der Tschechin Karolina Pliskova (WTA 13) gespillt.

D'Nummer 1 op der Welt huet dem Pliskova hei keng Chance gelooss a sech den Titel kloer an 3 Sätz mat 6:3, 6:7 (4:7) a 6:3 geséchert.

D'Barty gëtt domadder d'Nofollgerin vum Simona Halep. Fir d'Australierin ass et no hirer Victoire 2019 zu Roland Garros deen zweete Succès bei engem Grand Slam.

D'Pliskova muss weider op hiren éischten Titel bei engem Grand Slam waarden.