E Freideg krute Minister, Deputéiert a Press de "Stade de Luxe" am rout-wäiss bloe Look presentéiert.

Iwwer Méint huet keen, deen näischt direkt domadder ze dinn hat, an den neie Futtball- a Rugby Stadion dierfen eran. Bis de leschte Freideg d’Diere fir Minister, Deputéiert a Press opgoungen. D’Politik freet sech, trotz Retard wat de Bau ugeet an obschonns den Terrain de Budget gesprengt a bis elo ronn 77 Milliounen Euro kascht huet.

RTL

© Monique Kater

No engem Testmatch déi nächst Woch spillen d’Rout Léiwen Ufank September géint den Aserbaidjan. De Weekend vum 25. September soll dann déi offiziell Aweiung sinn.

D’Politik wollt awer net bis dohi waarden a war scho bei der Presentatioun vun der Stad hirem neie Futtballsterrain a sportlecher Party-Stëmmung.

Fotoen a Video-Reportage vun der Visitt e Freideg

Um Freideg krut d'Chamberkommissioun Sport an duerno d‘Press den neien nationale Futtball- a Rugbystadion op der Cloche d'Or virgestallt.