Béid Informatiounen huet den F91 Diddeleng en Donneschdeg den Owend iwwert déi sozial Netzwierker matgedeelt.

Aus dem Futtball ass et d'Nouvelle, datt den Tim Kips ee Kontrakt vun 2 Joer bei Erzgebirge Aue aus der 2. däitscher Bundesliga ënnerschriwwen huet. Bei Aue spillt och den Dirk Carlson.

Donieft huet den F91 Diddeleng en Donneschdeg matgedeelt, datt de Jonathan Joubert vun Hesper zeréck bei den F91 wiesselt. De fréieren Nationalspiller stoung schonn tëscht 2004 an 2020 am Gol zu Diddeleng.