Dat ass d'Quintessenz vun enger neier Recherche vun der ARD-Doppingredaktioun.

Am Kader vun engem Experiment, dat vun der Ethikkommissioun vun der Universitéit Köln geneemegt gi war, goufen zwielef männleche Persoune geréng Quantitéite vu verschiddenen Anabolika mat enger "Trägersubstanz" iwwert d'Haut duerch minimal Beréierungen un Hand, Genéck an Aarm ginn. Bei den 12 Persounen huet eng éischt Auswäertung vun de Prouwen duerch de renomméierte Kölner Kontrolllabo ee massiven Doppingverdacht erginn. Déi verbuede Substanze waren zum Deel schonn eng Stonn no der Applikatioun a bis zu 15 Deeg laang noweisbar.

Et stellt sech d'Fro, ob dës Faktelag "villäicht och ee Stéck wäit d'Enn vum professionelle Sport" bedeite kéint, sou den Triathlon-Olympiagewënner Jan Frodeno, nodeem hie mat aneren däitschen Top-Athleten Deeler vum Film, deen e Samschdeg den Owend op der däitscher Tëlee gewise gëtt, virun der Publikatioun gesinn huet: "Wéi wëll een an Zukunft nach iergendeng propper Legitimitéit duerstellen, wann de Bedruch eigentlech grenzelos gëtt?"

"Wann d'Prouwe vun Athlete gewiescht wären, hätte mir mat grousser Warscheinlechkeet bei ville Prouwen ee positiivt Resultat erhiewe missen", sou de Mario Thevis, Chef vum Köln Dopping-Kontrolllabo: "Dann hätte mir hei e Verstouss géint d'Anti-Dopping-Reegelen, deen och entspriechend sanktionéiert gi wär."

Dass Sportlerinnen a Sportler vu baussen zu all Moment positiv gemaach kënne ginn, bréngt een Haaptpunkt vum weltwäiten Anti-Dopping-System un d'Wackelen: de Renversement vun der Beweislaascht.

Am Sportrecht gëllt schonn ee positiven Test als Beweis fir d'Schold. Betraffener mussen dann iwwerzeegend duerleeën, datt dee positiven Test net duerch bewossten Dopping zustane komm ass. Geléngt dat net, gëtt ee gespaart.

Fir d'Angelika Nürnberger, déi bis 2019 Vizepresidentin vum Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter war, misst een no dëser Etüd méiglecherweis d'Situatioun vun der Beweislaascht entspriechend upassen. "Wann d'Verofreeche vun Doppingmëttel" quasi onbemierkt an als Sabotage-Akt méiglech ass", géif dat bedeiten, "dass mat der Sanktioun eng Mënscherechtsverletzung virleie géif."