E Freideg ass eréischt déi offiziell Ouvertureszeremonie ma an der Nuecht op e Mëttwoch war den Optakt vun den éischte Competitiounen.

Dat éischt Resultat kënnt aus dem Softball bei den Dammen. Hei gewënnt Japan am Fukushima Azuma Baseball Stadium mat 8-1 géint Australien. Domat ënnersträichen déi japanesch Softballerinnen hir Ambitiounen op eng Goldmedail.

Och zu Fukushima si keng Zuschauer bei de Competitiounen erlaabt.

RTL

Nieft Softball gëtt och d'Männer-Variant Baseball bei dësen Olympesche Spiller nees gespillt. Softball gouf scho vun 1996 bis 2008 gespillt, Baseball war vun 1992 bis 2008 mat dobäi.