D'Tennisspillerin Naomi Osaka huet d'Olympesch Flam um kuerz viru 17 Auer eiser Zäit ugefaangen.

Olympesch Spiller lancéiert / Reportage Franky Hippert

Um 16.14 Auer Lëtzebuerger Zäit huet de japanesche Keeser déi 32. Olympesch Summerspiller zu Tokio offiziell lancéiert. Virdrun huet de President vum Internationalen Olympesche Comité Thomas Bach a senger Riet gesot, datt dës Spiller d'Liicht um Enn vum Tunnel an der Covid-Pandemie wären.

Den Olympesche Motto: "Méi séier, méi héich, méi wäit", gouf och nach duerch "gemeinsam" ergänzt.

D'Lëtzebuerger Delegatioun mat un der Spëtzt der Vëlosfuererin Christine Majerus an dem Schwëmmer Raphael Stacchiotti, déi zesummen de Rout-Wäiss-Bloe Fändel gedroen hunn, ass um genee 15.45 Auer eiser Zäit an den Olympiastadion erakomm.

Fir d'Christine Majerus ass et am Sënn vun der Zäit, datt dat zu 2 gemaach gëtt: "Mir si voll an deem Trend, datt Gläichberechtegung wichteg ass. Et ass gutt, datt den IOC dat an d'Gäng bruecht huet."

Géint 16.45 Auer huet d'Naomi Osaka d'olympesch Flam dunn ugefaangen. Dës wäert elo 16 Deeg laang brennen.

Et war eng Erëffnungszeremonie, an där, duerch d'Pandemie, vill manner Moyenen agesat goufe wéi soss. Et war e Mix aus japanescher Traditioun a Modernitéit. Beim Lidd Imagine vum John Lennon a senger Fra Yoko Ono, dat gesonge gouf, waren d'Interprete wéi zum Beispill den John Legend duerch Videoenregistrementer, Covid-Mesuren oblige, zesumme geschnidden.

Gemëscht Stëmmung zu Tokio

Et waren nëmme ronn 950 ausgewielte Gäscht zu Tokio am Stadion erlaabt, ënnert hinnen de Keeser Naruhito an de Grand-Duc Henri, deen e Samschdeg schonn a senger Funktioun als Member vum Internationalen Olympesche Comité a Japan gereest war.

D'Stëmmung bei der japanescher Populatioun ass gemëscht, de Missiounschef vum Lëtzebuerger Comité Olympique Heinz Thews: "Mir hunn net esouvill direkte Kontakt, well dat no Playbook 3 net virgesinn ass. Mir liewe wierklech an eiser Bubble. Et ass jo awer och vum IOC-President bestätegt, datt e groussen Deel vun der Populatioun net fir d'Spiller sinn."

RTL-Korrespondent Philip Crowther iwwer d'Stëmmung zu Tokio
Hannert zouenen Dieren ass et schwéier, dass Stëmmung bei den Olympesche Spiller opkënnt.

Kritik um Sportminister Dan Kersch

De Sportminister Dan Kersch hat uganks des Mounts schonn annoncéiert, net op Tokio ze fléien. Eng Decisioun, déi zanterhier och kritiséiert gouf. Ma d'Futtball-EM an den Tour de France hätten hien a senger Entscheedung bestäerkt, sou den LSAP-Minister. Sou Sportsgroussevenementer géifen dat falscht Signal ginn, datt d'Pandemie eriwwer ass. De Contraire wier awer de Fall.

En Donneschdeg, also nëmmen een Dag virum Optakt vun de Spiller gouf den Directeur artistique vun der Ouvertureszeremonie entlooss. De Kentaro Kobayashi ass iwwert en ale Sketch gefall, an deem hie sech iwwert den Holocaust lëschteg gemaach huet. Virdru ware schonn dräi aner Membere vum Organisatiounscomité wéinst verschiddene Feeltrëtter entlooss ginn.

© RTL