De Stiermer vum FC Bayern München hat déi Auszeechnung schonn zejoert kritt.

D'Spillerin vum Joer ass d'Nicole Billa vun Hoffenheim. An d'Auszeechnung fir de beschten Trainer krut den Thomas Tuchel, deen den FC Chelsea wärend der Saison iwwerholl hat an um Enn d'Champions League gewonnen hat.