D'Alessandra Perilli konnt am Trap zu Tokio déi éischt Bronzemedail an der Olympia-Geschicht vu San Marino gewannen.

No 14 Participatiounen ouni Medail huet déi 32 Joer al Athletin en Donneschdeg am Trap Bronze geschoss - en historesche Moment fir San Marino. Gold huet d'Zuzana Rehak Stefecekova aus der Slowakei gewonnen, dëst virun der US-Amerikanerin Kayle Browning.

Déi kleng Republik San Marino mat hire ronn 33.000 Awunner hëlt zanter 1960 zu Roum un Olympia deel. Zanterhier waren d'Schützen déi erfollegräichst Sportler: 2012 zu London war d'Perilli selwer zum Beispill nach 4. ginn an hat de Podium domat knapp verpasst.