Op d'Plaz 2 an 3 kommen d'Shelly-Ann Fraser-Pryce an d'Shericka Jackson a maachen domadder en jamaikaneschen dräifach Erfolleg perfekt.

Bei den 100 Meter vun den Dammen hunn d'Jamaikaner der Konkurrenz keng Chance gelooss a gewannen Gold, Sëlwer a Bronze. Hannert dem Elaine Thompson-Herah kënnt d'Shelly-Ann Fraser-Pryce op déi 2. Plaz virum Shericka Jackson. Domadder widderhëlt d'Jamaikanerin hiren Erfolleg vun 2016 zu Rio de Janeiro. Mat 10,61 Sekonnen ass dem Elaine Thompson-Herah en neien Olympesche Rekord gelongen.

© RTL