Um Donneschdeg de Mëtteg war zu Tokio och de Stafhéichsprong vun den Dammen.

Hei konnt sech d'US-Amerikanerin Katie Nageotte mat engem Sprong vu 4,90 Meter déi éischt Plaz sécheren. Sëlwer geet un d'Russin Anschelika Sidorowa, déi 4,85 Meter gesprongen ass, an d'Bronzemedail krut d'Brittin Holly Bradshaw.

Fir d'Katie Nageotte ass et domat bei hirer éischter Participatioun un Olympesche Spiller direkt d'Goldmedail.

© RTL