Déi brittesch Firma, un där eng Lëtzebuerger Entreprise bedeelegt ass an déi e Sëtz hei hunn, wëll fir 2,7 Milliarden Euro 10 Prozent vun der LaLiga kafen.

Fir dat den Deal awer iwwert d'Bühn geet, mussen elo just nach d'Clibb zoustëmmen. D'Clibb sollen dann och 90 Prozent vun de Suen, déi CVC bezilt, kréien.

Dës Sue sollen awer net an Transferte fléissen, mä genotzt ginn, fir d'Infrastruktur ze verbesseren. Mat dëse Sue wëll déi spuenesch Liga an den nächste sechs oder siwe Joer nees déi englesch Premier League iwwerhuelen, déi jo aktuell als finanzstäerkste Futtballiga op der Welt gëllt.

Zanter dem Ufank vun der Pandemie probéiert CVC schonn, fir Undeeler u Profifuttball-Ligen ze kafen. Bis ewell si se bei de Veräiner vun der Serie A a vun der Bundesliga ofgeblëtzt.