Wéi d'Katalane matgedeelt hunn, wäert den Argentinier déi nächst Saison net méi fir Barca spillen. Dat schreift den FC Barcelona op Twitter.

De Veräin an de Spiller ware sech wuel eens ginn, ma wéinst dem Financial Fair Play kann de Kontrakt net erfëllt ginn, esou datt de Superstar de Veräin verloosse muss.

Domadder schéngt d'Ära vum 34 Joer alen Argentinier beim spueneschen Toppclub eriwwer ze sinn, dat no 17 Saisonen, 4 Champions-League-Titelen, 10 spuenesche Meeschtertiteln a 7 spuenesche Coupen.

Donieft ass hien aktuell de Rekordspiller vum FC Barcelona mat 778 Asätz a Rekordbutteur mat 672 Goler, Stand den 22. Mee 2021.